Kultur
Den nationalsozialisteschen Ënnergrond NSU am Theater verschafft
“Auch Deutsche unter den Opfern” – dëst ass den Titel vun engem Theaterstéck, dat sech mam nationalsozialisteschen Ënnergrond NSU an Däitschland befaasst. An dësem kritesche Stéck ginn d’Feeler gewisen, déi bei den Enquêtë gemaach gi sinn. Fir dëst Theaterstéck ze realiséieren, huet de Münsteraner Regisseur Tugsal Mogul intensiv recherchéiert a war selwer bei de Verhandlungen um Geriicht zu München derbäi. Zanter dem leschte Joer gëtt d'Stéck an Däitschland gespillt. D’Charlotte Wirth war op Münster kucken an huet sech mam Regisseur ënnerhal.