arrow_back_ios
Kultur
45 Years: sobere Bezéiungsdrama, brilliant gespillt
No 45 Joer Bestiednes gëtt eng glécklech Koppel enges Daags mat engem Bréif konfrontéiert, duerch deen - net wuertwiertlech, awer trotzdem - eng verflosse Flam vum Mann an hiert Liewen dréngt. Awer am Fong war se déi ganzen Zäit schonn do. Mä wann dat sou war, wéi vill sinn déi 45 Joer Zesummeliewen dann nach wäert?