arrow_back_ios
Kultur
Charlotte Rampling: The Look (eng Klass déi net vergeet)
Fir hire 70. Gebuertsdag dédiéiert d’Cinémathéik der Actrice Charlotte Rampling eng kleng Retrospektiv. D’Schauspillerin gehéiert zu de feste Gréissten am europäesche Kino. Hir Carrière war mol méi, mol manner erfollegräich. Net changéiert huet an all deene Joeren hir Klass. D’Charlotte Rampling, mam Spëtznumm “The Look” ass ausserdem zäitgläich op der Affiche vun engem aktuelle Film.