Invité:e vum Dag
Dan Kersch
D’Regierung huet bis ewell 7 Siten am Land detektéiert wou Flüchtlingsstrukture fir bis zu 300 Leit gebaut wäerte ginn, esou de LSAP-Inneminister Dan Kersch. D’Zesummenaarbecht mat de Gemenge géing an deem Beräich gutt funktionéieren. Den Dan Kersch huet d’Konzept vun der Regierung gelueft fir verhältnisméisseg kléng Strukturen ze schafen. Am Ausland zu Tréier z.b. géinge bis zu 3.000 Leit an engem Flüchtlingsheem opgeholl ginn; dat wëllt een zu Lëtzebuerg net. – Zanter September sinn 2.600 Réfugié’en u Lëtzebuerg ukomm.