Blue Note
Dee franséische Batteur Jean-Marc Robin
Een Numm, deen een och am Grand-Duché ëmmer méi dacks héiert, ass dee vum franséische Batteur Jean-Marc Robin. De sympatheschen Trommler ass e gär gesinnene Side-Man, deen awer och a sengen eegene Projete méi wéi iwwerzeegt. An eiser Géigend gesäit een hien dacks op der Bühn mam Greg Lamy, oder am Quartett mam Laurent Payfert, awer och mol als Begleedung vu Saxitude an nach villen anere Projeten. Wéi hien zu sengem charakteristesche Sound kënnt, zielt hien am Interview mam Pol Belardi a Pit Dahm.