Kultur
Woody Allen an den 1980ger: Ofrechnung mat der Reagan-Ära
Am Kader vun der integraler Retrospektive, bei däer Cinémathéik während engem knappen halwer Joer dem Woody Allen seng Filmer weist, si mer elo an den 1980ger Joeren ukomm. D'Period mam Mia Farrow, wou de Woody Allen engersäits den Theater, de Radio an de Kino selwer gefeiert huet (Broadway Danny Rose, Radio Days an The Purple Rose of Kairo); an anerersäits grouss gesellschaftlech Freske geschaf huet (Hannah And Her sisters a Crimes And Misdemeanors). Zemools dee leschte Film kann een als säi Fazit iwwert d'Reagan-Ära betruechten.