Kultur
Joan Baez 75 Joer a wat bleift vun de Protestsongs iwwreg
D’Folksängerin Joan Baez huet a Prisongen gesongen, awer och a Kelleren am Vietnam oder op Protestmanifestatiounen mam Martin Luther King, zanter 5 Joerzéngten séngt d’Joan Baez fir de Fridden,a fir de Bob Dylan war, ass a bleift Joan Baez d’Kinnigin vum Folk. D'Joan Baez kritt haut 75 Joer. Ma eng Fro muss een ee sech awer stellen: Wat kann d’Musek hautdesdaags am Kontext vu Protestmouvementer nach ereeschen? Fir jonk Mënschen vun haut wäert esou e Liewen a Striewen wéi der Joan Baez hiert ronderëm Protester géint de Vietnam-Krich, d’Hoffnung op Weltfridden, dem Bob Dylan seng Lidder, oder zéngdausenden vu Leit, déi den Dreem vum Baptistepriedeger Martin Luther King nogelauschtert hunn, ewéi en antiquéiert Billerbuch virkommen.