Kultur
Frankräich no den Attacken op Charlie Hebdo a vum 13 November
Ee Joer ass et haut schonn hir, zënter den d’Terrorattacken zu Paräis – op d’Redaktiounsraimvun der satirescher Zeitung Charlie Hebdo zu Paräis, eng Attack op d’Pressefräiheet oder eng Attack op d’Fräiheet tout court. 12 Mënsche goufe vun de Bridder Kouachi erschoss,ënnert hinnen d’Zeechner Charb, Cabu, Honoré, Tignius a Wolinski. An den Deeg dono koumen nach 5 Affer derbäi. Attacken déi Frankräich verännert hunn. Ma et koum awer nach méi schlëmm, den 13. November d’läscht Joer weider mäerderesch Attentater zu Paräis mat 130 Doudegen. A béide Fäll huet déi franséisch Regierung mat enger drastescher Verschäerfung vun de Sécherheets- an anti-Terror Gesetzer reagéiert. A fir beim Thema ze beliwen ''Made in France'', den neie Film vum Nicolas Boukhrief kënnt net an déi franséisch Kinoen. No de Paräisser Attacke vum 13 November muss de Film, bei dem den Djihadismus am Virdergrond steet, sech mat VOD (Video on Demand) zefridde ginn.