Kultur
Grexit: en Text-Collage iwwer Griicheland
Am Kader vu sengem 20. Gebuertsdag invitéiert den Theaterkollektiv Independent Little Lies (kuerz ILL) an den Neimënster, an an d'Kulturfabrik, op d'Presentatioun vu "Grexit": eng Text-Collage iwwer Griicheland, an eng Manéier, sech un e Land erun ze taaschten, dat fréier als Wéi vun der europäescher Kultur an Demokratie gegollt gëtt. Eng - méiglecherweis- immersiv Experienz fir de Public, no engem Konzept vum Marc Baum a Ronald Dofing, an an enger Mise en Scène vum Marc Baum. Mam Jean-Paul Maes, Christiane Rausch, Pitt Simon, Max Thommes, Brigitte Urhausen a Solon Tsounis. Virstellunge sinn de 6., 7., an 8. Januar am Neimënster, an de 24., a 25. Februar an der Kulturfabrik.