Kultur
D'Expo ´curated by´an der Wild Project Gallery
Wëll Projeten fir 1 Welt, déi hinnen, sou wéi se ass, net ganz gefällt. Eng Art Pippi Langstrumpf-Attitude verbënnt déi 3 aktuell Wild-Project-Gallery-Kënschtler Sabine Pigalle, Izumi Miyazaki an de Jacques Courtejoie. Doriwwer eraus: de Medium Fotografie. A schlussendlech de Fait, datt allen 3 am Kader vun der alleréischter Editioun vu ‘curated by’ selectionéiert gi sinn. Mat dëser Aktioun wëllt d’Wild-Project-Gallery engem Collectionneur, enger Institutioun oder engem Kulturorgan Carte Blanche fir eng Ausstellung an der Louvigny’s-Gaass ginn. 1. ‘curated by’ ass curated by OFF SHOT Japan. D'Kerstin Thalau wollt vum Fanny Weinquin vun der Wild Project Gallery méi gewuer ginn.