Radioen

On air

Thé Dansant  |  Rodriguez - Like Janis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ The Majestic Unicorns From Hell, Sleepers' Guilt & Spoil Engine

The Majestic Unicorns From Hell, Sleepers' Guilt & Spoil Engine

The Majestic Unicorns From Hell

Am Metal Meltdown maache mer dës Woch en Tour de Table ronderëm de Metal Battle, den 19. März an der Kufa. Dës Woch goufen am ganze well 5 vun de 6 Bands ugekënnegt, déi matmaachen, e Méindeg gëtt dann nach déi lescht bekannt gemaach.

Eng Band, déi net um Metal Battle dobäi ass, ob alle Fall ass bis well näischt dovu gewosst, dat sin The Majestic Unicorns from Hell.. Si bréngen an 2 Wochen en neien Album eraus, an iwwert deen, oder och nach iwwert hire Concert mat Motörhead an der Rockhal hunn ech mat hinnen am Interview vun der Woch geschwat.

Sleepers' Guilt

Amon Amarth meets Opeth. Dat ass e ganz kuerzen, awer wéi ech fanne, ganz passende Verdikt iwwert een neit Lidd vun enger Lëtzebuerger Band, wat den 28. Januar 2016 mat engem passende Video dozou erauskomm ass. Am Februar brénge Sleepers’ Guilt jo hiren neien Album Kilesa eraus, an den 28. Januar hu si, wéi gesot, en éischt Lidd vum Album verëffentlech. Op dir dat och sou gesitt, wéi ech, kënnt der hei entscheeden, hei ass de Link fir de Video ze kucken.

Album vun der Woch: Spoil Engine - Stormsleeper (7,5/10)



Eisen Album vun der Woch kënnt dës Kéier aus der Belsch. Spoil Engine ass eng Band, déi nach net därmoosse bekannt ass an déi ee mat The Agonist kéint vergläiche, just manner technesch a méi grooveg. Spoil Engine gi mat hirer Kombinatioun aus The Agonist, Pantera oder och nach Machine Head keng Kompromësser an a brauche sech och guer net hannert deene méi bekannte Bands ze verstoppen.

Grad esou wéi bei The Agonist hu Spoil Engine eng Frontfra, déi souwuel richteg gutt growlen a screame kann, mä déi bei de passende Momenter och mat enger schéiner cleaner Stëmm iwwerzeege kann. A genau sou wéi bei The Agonist gëtt et och bei Spoil Engine ëmmer nees richteg melodiéis Refrainen, déi ee matrappen an aluede, mat ze sangen. Ähnlech wéi bei The Agonist kënnt Spoil Engine awer och, trotz Groove, mat interessanter Gittaraarbecht imponéieren, zum Beispill während deem eng oder anere Solo.

Stormsleeper ass lo keen Album, vun deem ech soe géif, dass en a kengem Metal-Regal däerf feelen, ma et si Stécker drop, déi virun allem vill Live-Potential hunn. Et kann ee sech roueg dorop freeën, dës Band eng Kéier live op engem Festival ze gesinn. Oder vläicht fanne si jo och mol de Wee op Lëtzebuerg!

Agenda

The Miasmic Mortality Tour @ Mix N Kava Bar, Belval

Café Amadeus Funeral Show @ Café Amadeus, Esch

Playlist

Death - Altering The Future (Spiritual Healing, Relapse Records)

Feradur - A Gift From Malevolent Gods (Epimetheus, Independent)

Elysian Gates - Northern Winds (Single, Independent)

THe Majestic Unicorns From Hell - Monstrosity (A Matter Of Less In More, Independent)

Soulhenge - The Atomic Age (Single, Independent)

Miles to Perdition - Blasphemous Rhapsody (Blsaphemous Rhapsody, Independent)

Heaven’s Scum - Place Number One (It All Ends In Pain, Independent)

Sleepers' Guilt - Two Words (Kilesa)

Spoil Engine - Disconnect (Stormsleeper, Independent)

Desdemonia - Silence (Existence, Independent)

Episoden