Radioen

On air

Thé Dansant  |  Bobby Womack - Across 110th Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Exposer, Borknagar & Machine Head

Exposer, Borknagar & Machine Head

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Exposer

Nodeems Falling Promises sech Enn 2014 opgeléist haten, nodeems hire Lead Gittarist Cédric Grün am August 2013 gestuerwe war, hunn e puer Membere vun der Band sech zesummegedoen an eng nei Band gegrënnt: Exposer. Am Interview erkläert de Bassist vun Exposer an och fréiere Bassist vu Falling Promises, de Steve De Castro, a wat fir eng Richtung Exposer geet, wéi vill nach vu Falling Promises iwwreg bliwwen ass, an och nach wéi d'Pläng a Punkto Concerten an Opname vun der Band sinn.

Album vun der Woch: Borknagar - Winter Thrice (8/10)



Eisen Album vun der Woch kënnt dës Woch vun der Progressive Black Metal Band Borknagar. Haut koum hiren neien Opus Winter Thrice eraus. En Album, deen zimlech un de Virgänger vun 2012, Urd erënnert.

Ervirstiechen deet op dësem Album wuel virun allem dat lescht Lidd Terminus, wat duerch bombastesch, blackened Folklore a vill Ofwiesslung am Gesang an och mat deem engen oder aneren interessannte Piano Break verzaubert..

E weidert Lidd, mat ähnlecher Atmosphär ass Cold Runs The River. Ähnlech wéi och Terminus gëtt et hei vill Ofwiesslung tëscht rauem Black Metal an epesche méi rouege Momenter. Allerdéngs ass dat och dat Lidd, wat wuel déi memorabelst Melodie matbréngt, op mannst am cleane Gesang:

Déi bescht Vocals vum Album gëtt et awer definitiv am Stéck Erodent, wou d’Sänger Vintersorg, ICS Vortex a Lazare sech wéi e Metal Männer-Chouer unhéieren a mol synchron, mol asynchron sangen.. sou wéi een et eigentlech just aus der klassescher Musek kennt.. De Gesang, wéi gewinnt iwwert komplexer schéiner Gittaraarbecht:

Vun dëse wonnerbare Stécker ofgesinn, gëtt et och soss Ofwiesslung um Album, mol méi mol manner progressiv, mol méi mol manner technesch an e Syntheziser Solo gëtt et och.. Winter Thrice ass en Album, deen definitiv a kenger Sammlung vu Progressivem Metal däerf feelen!

Machine Head @ Atelier

Dir wësst, Machine Head kommen de 17. Februar nees zréck an den Atelier. Zënter puer Deeg ass de Concert ausverkaf, mä ech hunn natierlech nach 2 Ticketen, déi ee vun iech gewanne kann. Alles wat der dofir maache musst, ass op d’Facebook Säit vum 100,7 laanschtsurfen, an do d’Bild kommentéiere, wat mer vum Robb Flynn posten, wann d'Sendung eriwwer ass. Dee Kommentar, deen eiser Online Redaktioun a mir am beschte gefält, gewënnt dann d’Ticketen.

Agenda

Judgement's Day @ Plectrum Bar

Playlist

Iron Maiden - The Trooper (Piece Of Mind, Capitol Records)

Scarred - Low / Live @ Eurosonic, Groningen (Gaia / Medea, Independent)

Falling Promises - No Surface (Dystopia, Independent)

Exposer - Blind (Single, Independent)

Korn - Chi (Life Is Peachy, Epic Records)

Agoraphobic Nosebleed - Not A Daughter (Arc, Relapse Records)

Down - Witchtripper (Purple EP I, Roadrunner Records)

Borknagar - Terminus (Winter Thrice, Century Media)

Machine Head - Now We Die (Bloodstone Diamonds, Nuclear Blast)

Episoden