arrow_back_ios
Kultur
Europäesch Kulturhaaptstad 2016: Breslau
Mat enger gigantescher Performance wëll Breslau am Januar elo d’Kulturjoer lancéieren, zesumme mat honnerte vu Benevolen aus ganz Polen huet de britesche Performance-Artist Chris Baldwin e Spektakel mat der Iwwerschrëft Erwächen entwéckelt. Op 4 verschiddene Plazen an der Stad erwäche 4 Geeschter, déi sech dann op de Wee an den Zentrum vum Breslau oder Wroclaw maachen.