Radioen

On air

Thé Dansant  |  Hildegard Knef - Im 80. Stockwerk

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Lemmy, Motörhead & Aborted

Lemmy, Motörhead & Aborted

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Äddi a Merci Lemmy!

E Samschdeg, den 9. Januar gouf den Ian "Lemmy" Kilmister, fréiere Frontmann vun der Kultband Motörhead, mat enger grousser Gedenkfeier zu Los Angeles begruewen. An eisem Interview vun der Woch schwätze mer mam Luc Belleville, dem wuel gréisste Lëtzebuerger Motörhead Fan, deen de Lemmy och perséinlech kannt huet an extra fir d'Zeremonie op L.A. gereest war, iwwert dësen Event a seng Verbindung mam Lemmy, respektiv mat Motörhead.

Sublind Online, Scarred @ Eurosonic & Exposer

Sublind hunn dës Woch iwwregens eng nei Homepage lancéiert. Oder besser gesot, iwwerhaapt mol eng Homepage lancéiert. Wann der also nach méi iwwert Sublind wëllt wësse, wéi si op hirer Facebook Säit präis ginn, surft einfach mol laanscht op www.sublind.net

Scarred spillen dëse Weekend zu Groningen. D'Death Metal Band, déi vum Radio 100,7 erausgesicht gouf, fir Lëtzebuerg dëse Weekend bei der 30. Editioun vum Eurosonic Festival ze vertrieden. D’Manifestatioun zu Groningen, am Norde vun Holland, wou d’European Broadcasting Union, also de Reseau vun den ëffentlech-rechtleche Senderen an Europa, an deemno och den 100,7 Partner ass, ass ee vun deene wichtegste Rendezvouse fir den europäesche Museks-Maart.. Scarred spillen de 15. Januar an der Nuecht op de 16. kuerz no 1 Auer.

Zu Lëtzebuerg huet sech déi lescht puer Méint iwwert eng nei Band gegrënnt. Dir erënnert iech wahrscheinlech nach u Falling Promises, déi sech virun enger Zäitchen opgeléist hate, well se ee vun hire Memberen duerch den Doud verluer hunn… Ma verschidde Membere vu Falling Promises hunn eben dunn ënnert engem aneren Numm weider gemaach. Exposer nennt de Projet sech, an dës Band, déi bësse kléngt wéi déi typesch Pompel Bands, allerdéngs mat Nu Metal Elementer, huet de leschte Sonndeg en éischt Lidd op Youtube verëffentlecht, an dat gesidd dir hei.

CD vun der Woch: Aborted - Termination Redux (9/10)



Op der neier EP vun de belschen Technical Death Metal Helden Aborted, déi et just op Vinyl an digital gëtt, sinn 3 nei Stécker drop an eng nei Opnam vum Opener vun Engineering The Dead, nämlech The Holocaust Re-Incarnate. Dat ass also net nei, d’Lidd ass prinzipiell dat selwecht, kléngt awer eng gutt Parti méi fett. Net nëmmen d’Produktioun gouf gepimped.. d’Band spillt et och a méi engem déiwen Tuning.

Lass geet d’EP awer mat engem méi oder manner geschwatenen Intro, iert et da mam Titelsong vun der EP, Termination Redux, lassgeet. Do ass den Intro zimlech no u Gojira, iert et dann nees bësse méi brutal technesch viru geet.

Wat ech op dëser EP, grad wéi bei de virëschte Release vun Aborted, alt rëm zimlech cool fannen, ass, dass d’Mëschung tëscht Brutalitéit an Atmosphär extrem gutt geléngt. Woubäi een awer muss bemierken, dass Aborted op dëser EP eng exzellent Mëschung aus hire fréiere Saachen an hire méi rezente Saache fabrizéiert hunn.. Sou hu si d’Grind Elementer an déi schwéierfälleg Heavyness vum leschten Album bäibehalen, a mam extremen techneschen Aspekt vun hirem fréie Material kombinéiert. Sou z. B. och bei Vestal Disfigurment Upon The Sacred Chantry, wat alt nees duerch mäerderesche Wierbelstuerm u Riffer geprägt ass.

Ech weess net, wat d’Band genee geplangt huet an Zukuft.. Mä wann dat hei e Virgeschmaach op en nächsten Album soll sinn, kënne mer eis freeën!

Agenda

Metal In The Kettle @ Duerfkessel, Käerch

Metalbörse @ Kufa, Esch

Aversion's Crown @ Exhaus, Tréier

Playlist

Metallica - Ride The Lightning (Ride The Lightning, Megaforce Records)

Sublind - Humpeknupper (Thrashing Delirium, Independent)

Dream Theater - The Gift Of Music (The Astonishing, Roadrunner Records)

Motörhead - When The Sky Comes Looking For You (Bad Magic, UDR)

Motörhead - Overkill Live (The Wörld Is Ours Vol. I, UDR)

Scarred - Cinder (Gaia / Medea, Independent)

Exposer - Blind (Single, Independent)

Aborted - Termination Redux (Termination Redux, Century Media)

Bloodiest - He Is Disease (Bloodiest, Relapse Records)

Episoden