Radioen

On air

Thé Dansant  |  Hildegard Knef - Im 80. Stockwerk

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Metal Battle 2016 & Do You Even Metal?

Metal Battle 2016 & Do You Even Metal?

Metal Battle

Am Interview vum alleréischte Metal Meltdown geet et dës Kéier ëm de Metal Battle; deen Event, bei deem jonk an talentéiert Bands a bal 50 Länner sech virun enger Jury vum Wacken Open Air Festival vun hirer beschter Säit weisen, an esou en Optrëtt um Wacken selwer gewanne kënnen. Zejoert gouf de Metal Battle zu Lëtzebuerg allerdéngs net organiséiert.

Am Interview erkläert den Invité vun dëser Woch Jeannot Hutchinson, Mat-Organisateur vum Metal Battle, firwat de Concours 2015 ausgesat gouf, firwat et sech lount esouwuel zu Lëtzebuerg matzemaache, wéi och um Wacken ze spillen, a wat ee muss matbrénge, wann een sech da wëll presentéieren.

Do You Even Metal?

Miles To Perdition hunn en Teaser fir d'DVD "Do You Even Metal?" verëffentlecht, déi de 7. November am klenge Sall vun der Kufa opgeholl gouf, fir Reklamm fir d'Lëtzebuerger Metal Zeen ze maachen. Kucke kënnt dir de Video hei!

Dir kënnt iwwregens eng DVD gewannen. Kuckt dofir op menger Facebook Säit laanscht!

Agenda

Not An Actual Atomic Blast @ Rocas, Stad

Lost In Pain & Kitshickers @ Black Wolves, Déifferdeng

Rise Of Doom @ No Man's Land, Wuelmereng

Playlist


Motörhead - Motörhead (Motörhead, Chiswick)
Retrace My Fragments - Rime Of The Instant Space Traveller (Ethereal Flux, Independent)

The Black Dahlia Murder - Receipt (Abysmal, Metal Blade Records)
Cosmogon - Angry Tank (Chaos Magnum, Independent)

Children Of Bodom - I Hurt (I Worship Chaos, Nuclear Blast)
Miles To Perdition - Blasphemous Rhapsody (Blasphemous Rhapsody, Independent)

Anthrax - Evil Twin (For All Kings, Nuclear Blast)
Lost In Pain - Justify (Plague Inc., Independent)

Baroness - Chlorine And Wine (Purple Record, Abraxian Hymns)
Lycus - Mirage (Chasms, Relapse Records)

Episoden