Kultur
Jean Back: 27 Joer CNA!
Vu 1989 un stoung de Jean Back un der Spëtzt vum CNA, eng Zäit déi duerch eng gellech Explosioun an der digitaler Entwécklung markéiert gouf. No 27 Joer am CNA geet de Jean Back an d’Pensioun mat eng Tréin am Knäpplach, awer och mam Gefill datt de “Bébé” grouss ginn ass. Déi gewalteger Entwécklung an der digitaler Technologie huet hien materlieft. Bal nach méi wichteg ass awer, de Jean Back huet de CNA aus dem Schwësterpensionat an dem Hannerhaff zu Dideleng eraus geholl. De CNA krut en neit Doheem am moderne Centre Culturel “opderschmelz” an der Forge du Sud. Zu där positiver Entwécklung fir de CNA hunn ënnert aneren d’Kulturjoeren 1995 an 2007 bäigedroen. De Jean Claude Majerus huet mam Jean Back zeréck gekuckt.