Kultur
/ Wéi den italienesche Kino modern ginn ass, zweeten Deel, de Pier Paolo Pasolini
Wéi den italienesche Kino modern ginn ass, zweeten Deel, de Pier Paolo Pasolini
An eiser Serie iwwert de modernen italienesche Kino aus de 60ger Jore geet haut ëm den ëmstriddensten vun allen italienesche Cinéasten, de Pier Paolo Pasolini. Hie selwer huet sech als Auteur gesinn deen do ass fir d'Wourecht iwwert déi italienesch Nokrichsgesellschaft ze soen, ze schreiwen, an ze filmen. Matt senger Aart a weis fir, ouni iergend een ze verschounen, awer duerfir ëm sou méi effikass kritesch ze sinn, huet de Pasolini sech vill Feinde gemaach. Ee vun sengen Haaptsujeten war d'Dekadenz vun der Bourgeoisie.