Kultur
"Homo Faber" vum Jean Paul Maes adaptéiert an inszénéiert
4 min
Wann et en wierklech gi wär, da wär en an enger Zäit al ginn, déi wahrscheinlech ganz no sengem Goût gewiescht wier. Eng Zäit, an där d’ Technik ëmmer méi an de Virdergrond réckelt an dat Zwëschemënschlecht ëmmer méi Niewesaach gëtt. Riets geet vum Haaptcharakter aus dem Max Frisch sengem Homo Faber Den Ament gëtt dem Frisch säi Wierk an enger Adaptatioun an Inszenéierung vum Jean-Paul Maes vum Kaleidoskop Theater uechtert Land gespillt. D’ Anne Schaaf war d’ Stéck fir eis op Ettelbréck an de CAPE kucken.