Kultur
Perhaps All The Dragons: een insolite Spektakel
5 min
Am Kader vu "Fabula Rasa" invitéieren d'Rotonden den 31. Januar an den 1. Februar op eng Rei Virstellunge vun "Perhaps All The Dragons": een ongewéinleche Spektakel vun der belscher Kompanie Berlin. Roude Fuedem tëscht den eenzelenen Deeler vum Stéck ass déi wëssenschaftlech Theorie vun den "Six Degrees of Separation" - datt een, vun all Persoun op der Welt, egal wien se ass a wou se lieft, perséinlech ëmmer nëmme sechs Etappe wäit ewech ass. "Perhaps All The Dragons" tourt den Ament duerch Europa a kritt iwwerall begeeschtert Kritiken. Déi gutt Nouvelle ass: Bei de Virstellungen zu Lëtzebuerg an de Rotonden sinn nach Plazen ze kréien. www.rotondes.lu