Invité:e vum Dag
Francine Closener
17 min
Mat der LSAP-Staatssekretärin fir Wirtschaft, bannescht Sécherheet a Verdeedegung geet riets iwwert "Nation Branding", Kompetitivitéit a Sondagen.
“D’FNAC kënnt net mat engem Headquarter op Lëtzebuerg mee mat engem Commerce”, seet Staatssekretärin am Wirtschaftsministär am Interview. Op d’FNAC en Ruling krut, dat wéisst net mol de Finanzminister, mee d’Steierverwaltung. Wéivill Steierrulingen gemaach ginn, géing um Änn vum Joer am Aktivitéitsrapport vun der Steierverwaltung public gemaach ginn. E Ruling ass näischt Illegales, seet d’Francine Closener.
Iwwert hir schlecht Resultater bei de Sondagen, seet d’LSAP-Staatssecretärin et géing ee ni eng zweet Chance kréien, fir en éischte gudden Androck ze hannerloossen. “Déi éischt Chance déi ech hat, déi hun ech mir vermasselt.” Dat hätt si awer motivéiert fir hir Saach ëmsou besser ze maachen.