Kultur
'Response': dem Franck Miltgen seng Äntwert op Neimënster
5 min
De Franck Miltgen, Joergang 1981, ass en extrem produktive Kënschtler. No enger Hellewull Gruppenausstellungen an deene leschte Joeren, war et fir hien un der Zäit fir e Solo-Experiment. Hien hat e Plang fir eng uertsspezifesch Expo am Neimënster, déi op Dynamik, d'Spannungsverhältnisser, d'Geschicht, mee och d'Geométrie oder d'Luucht vun der Plaz réagéiere géif. D’Direktioun war iwwert de Projet begeeschtert, an esou ass dann dem Franck Miltgen seng Äntwert op Neimënster, d'Ausstellung ´Response´, vum 29. Januar bis den 10. Abrëll 2016 ze gesinn. D’Kerstin Thalau war virum Vernissage kucken.