Kultur
Mat der Kënschtlerin Carine Krecké duerch d'Expo ‘404 not found’
14 min
D’Zwillingsschwësteren Carine an Elisabeth Krecké, Joergang 1965, sinn ausgebillt Economistinnen a Kënschtlerinnen. An hirem artistesche Wierk geet et dacks ëm de Bezuch tëscht Fotografie/ Film, Zeechnung a Literatur; an der Fro: wat kënne Biller tatsächlech aussoen? An deene leschte Joeren hu si sech vill mat Amerika, de Medien an dem Iwwerwaachungswahn beschäftegt. Leschte Samschden ass am CNA hier Ausstellung ‘404 file not found’ opgaangen. D’Kerstin Thalau war begeeschtert.