Kultur
De Marcel Ophüls zu Besuch um Max-Ophüls-Preis zu Saarbrécken
9 min
An der zweeter Halschent vum Mount Januar steet d'saarlännesch Haaptstad am Zeeche vum däitschen Nowuesskino. Méi genau am Zeeche vum Max-Ophüls-Präiss. Op dëser 37. Editioun, déi e Samschdeg clôturéiert ginn ass, huet e Sprössling aus dem Haus Ophüls op sech opmierksam gemaach. De Marcel Ophüls, Fils vum Max a just niewebäi nach Réalisateur vun esou Documentaires phares ewéi "Le chagrin et la pitié" an "Hôtel Terminus", huet op eng Liesung an e Werkstattgespréich agelueden. Den Tom Dockal huet sech op Saarbrécke gemaach a sech mam Marcel Ophüls ënnerhalen.