Kultur
Expo Jeff Desom & Claudia Passeri
4 min
Am Kader vun der lëtzebuerger Présidence hat de Palais des Beaux Arts, de BOZAR, zu Bréissel d’Ausstellung ‘Steichen! Making meaning of a legacy’ accueilléiert. D’Expo war an 3 Kapitelen ënnerdeelt: dem Edward Steichen seng kuratoresch Aarbecht, mat e.a. der "Family of Man", seng eege Porträtfotografie an d’Edward-Steichen-Award-Lauréaten. Nom Enn vum Evenement den 3. Januar, sinn d’Wierker vun zwee vun de Lauréaten an der Stad an der Galerie Clairefontaine nees opgeriicht ginn: de Jeff Desom an d'Claudia Passeri. D’Kerstin Thalau mat Explikatiounen.