Invité:e vum Dag
Martine Hansen
15 min
“Et muss garantéiert ginn, datt am ganze Land eng selwecht Qualitéit vun Enseignement kann ugebuede ginn”, seet d’CSV-Deputéiert d’Martine Hansen als Reaktioun op dem Claude Meisch säin neit Konzept fir Lycéesreform.
Den DP-Educatiounsminister huet annoncéiert, datt déi geplangte Lycéesreform vu senger LSAP-Virgängerin Mady Delvaux, duerch e neie Gesetzestext ersat soll ginn, deen nach net virleit. Am Mee 2013 war de Projet de loi vun der viregter Regierung deposéiert ginn.
D’Martine Hansen fuerdert e klore Gesetzkader fir d’Lycéesreform.“Et wär schued wann den ale Projet - mat all der Aarbecht déi dohannert stécht - komplett vum Dësch géing kommen”.
Duerch d'Gespréich féiert d'Mick Entringer.