Kultur
Expo "L’envol"
5 min
Bis e Sonnden inclus weist d’Sandrine Ronvaux hier éischt Eenzelausstellung am Konschthaus beim Engel. No 12 Joer Auslandsopenthalt, versicht d’Molerin zanter 2 Joer nees an der Lëtzebuerger Konschtzeen Fouss ze faassen. An dat ironescherweis mat enger Expo mam Titel ‘L’envol’. Et handelt sech ëm eng ganz perséinlech Série vun Zeechnungen an Tableauen, op deenen d'Sandrine Ronvaux e Befreiungsdanz vun hirer klenger Schwëster, mat engem Kueb, an der Stad Lëtzebuerg, festgehalen huet. D'Kerstin Thalau mat den Explikatiounen.