Invité:e vum Dag
Anouk Agnès
13 min
Bis ewell gëtt et nach keng offiziell Strategie fir d’Finanzplaz fir aus de fossillen Energien eraus ze klammen, seet d’Vizegeneraldirektesch vun der Fongenassociatioun ALFI. Der Anouk Agnes no beschäftegt sech aktuell awer en informellen Aarbechtsgrupp ënnert Leedung vun der Regierung mat der Fro wéi d’Finanzplaz méi nohalteg a sozial responsabel kann ausgeriicht ginn.
D’Ziler vun der Weltklimakonferenz vu Paräis géingen nei Investitiounsméiglechkeete fir d’Fongenindustrie bidden. Berechnungen no wären am Klimaschutz bis zu 100 Milliarden Dollar d’Joer néideg, seet d’Anouk Agnes vun der ALFI. Déi international Finanzmäert hätten sech ganz kloer scho méi strenge Klimaoploen ugepasst. Duerch d'Gespréich féiert d'Mick Entringer.