Kultur
Filmkritik: Son of Saul
Vun alle Säite gouf Enn Oktober dem jonken ungaresche Cineast Laszlo Nemes säin "The Son of Saul" gelueft, well deen, eng ambitieus an nei Manéier huet fir den Holocaust ze thematiséieren. De Film hat Première zu Cannes a gouf do mam Grand Prix ausgezeechent. Doriwwer eraus krut en e Golden Globe fir de beschten friemsproochege Film. Aus dësem Grond huet den Ciné Utopia ‘The Son of Saul’ nach emol a seng Programmatioun opgeholl. Dir héiert eng Kritik vum Christian Mosar.