Kultur
Experience Musée 2016: zwou Wochen, also keng Excuse!
Lycéesklassen aus dem ganze Land kréien tëscht dem 1. an dem 5., an tëscht dem 15. an dem 19. Februar, (déi Woch virun, an déi Woch no der Fuesvakanz) e spezielle Programm mat extrae Visiten an Atelieren an de siwe Muséeë vum Groupement "d'stater muséeën" gebueden. Dat heescht, am Casino-Forum d'art contemporain, am Mudam, am MNHA, am Naturmusée, am Musée 3 Eechelen, am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg, an an der Villa Vauban gi ganz besonnesch Efforte gemaach, fir d'Elèven an hir Proffen unzeschwätzen. Dës Aktivitéiten si mat all Schoulfach kompatibel. Iwwergräifenden Thema dëst Joer ass "hannert de Kulissen". Informatiounen an Umeldunge ginn iwwer www.museumsmile.lu .