Kultur
De Kënschtler Marco Godinho an de Libanon
Net wäit vum südwestlechste Punkt vum europäesche Festland, zu Sagres a Portugal, steet eng vun den eelste Schoule fir Kartographen. D’Plaz, déi geografesch Lag, an dat aalt Gemaier haten de Marco Godinho zu engem Film an engem Text zum Thema Raum an Zäit inspiréiert. De gebiertege Portugis, deen zanter sengem 9. Liewensjoer, also zanter bal 30 Joer, mat Ënnerbriechungen zu Lëtzebuerg doheem ass, huet doropshinn décidéiert, d’Méditerranée méi genee ënnert d’Lëns ze huelen, an zwar déi onsiichtbar Barrière tëscht Orient, Occident an Afrika. 2. Statioun war Lampedusa, wou hie während engem Konschtprojet Inselawunner, Aktiviste fir Flüchtlingsrechter plus Asylsichender hannert pickegem Drot, also ofgetrennt vum Rescht vun der Populatioun, kennegeléiert huet. Déi 3., den 12. November 2015, Beirut: 2 Stonnen nom Kënschtler senger Arrivée um Flughafen si bei Selbstmorduschléi iwwer 40 Leit ëm d'Liewe komm.