Kultur
De Kënschtler Marco Godinho op Lampedusa
De gebiertegen portugisesche Konzeptkënschtler Marco Godinho lieft a schafft tëscht Lëtzebuerg a Paräis. ‘Tëscht’ ass a sengem Fall allerdéngs en zéiege Begrëff. D’Ënnerwee sinn, reesen, sech am positive Sënn ‘verlafen’, Zäit mam Friemen verbréngen, gehéiert souzesoen zu sengem Beruff. Enn 2015 huet de Marco Godinho 2 Auslandserfahrunge gemaach, déi hien och an dësem Joer nach begleede wäerten. Hie war zu Recherchezwecker am Libanon an op Lampedusa. 2015 waren erstaunlech vill Kënschtler -och vu Lëtzebuerg- op der Mëttelmierinsel tëscht Tunesien a Sizilien. Lampedusa....dee Numm ass zu engem Symbol, zu engem Mythos vun eiser Gesellschaft ginn. De Marco Godinho war net als Sozialvoyeurist ënnerwee; hien hat einfach d’Gefill, hie misst sech mat der Realitéit konfrontéieren an dierft sech net hannert enger Zeitung, respektiv enger friemer Meenung, verstoppen. D'Konscht huet hinnen dohannen als ee richtege Médiateur erlieft, Explicatiounen Kerstin Thalau.