Kultur
Vie sauve et liberté pour Ashraf Fayadh
Ënnert der Iwwerschrëft "Vie sauve et solidarité pour Ashraf Fayadh" organiséieren de Printemps des Poètes-Luxembourg, de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient, Amnesty International-Luxembourg, Neimënster an d'Kulturfabrik ee Solidaritéis-Owend, wou ënner anerem Texter vum Ashraf Fayadh gelies ginn. Vill Auteuren an Autorinnen huelen drun deel. Den Ashraf Fayadh ass ee palestinenseschen Dichter, dee weltwäit unerkannt ass. Als Member vum Kënschtlerkollektiv "Edge of Arabia" huet hien 2013 fir Saudiarabien un der Konschtbiennale zu Venedeg deelgeholl. Hie gouf wéinst "Apostasie" veruerteelt. De Schrëftsteller Jean Portante, dee proposéiert hat fir och zu Lëtzebuerg ee Solidaritéitsowend fir den Ashraf Fayadh ze maachen, gëtt dem Cléo Thoma méi Informatiounen iwwert den Hannergrond vun dëser Soirée de Lectures, a wat sech dovun erhofft gëtt.