Kultur
Great Restorations: Rocco e i suoi fratelli
"Rocco e i suoi fratelli" ass e "mythescht" Wierk, seet de Claude Bertemes, Direkter vun der Cinémathéik. Wéi de Film mam Alain Delon, Renato Salvatori an Annie Girardot (ënner anerem) 1960 an de Kino koum, wollt d'Zensur datt ganz Zeene missten "geschwäerzt" ginn. Elo läit eng fuschnei Restauratioun vum Luchino Visconti sengem Film vir, déi och déi Zeenen, déi deemools zensuréiert goufen, enthält. Am Kader vum Filmzyklus "Great Restorations" kann ee "Rocco e i suoi fratelli" an all senge Nuancen appréciéieren.