Invité:e vum Dag
Gast Gybérien
D’ADR positionéiert sech, nieft deene Gréngen, als potentielle Koalitiounspartner an enger zukënfteger Regierung mat der CSV. Dem Gast Gybérien no kéime keng aner Parteien a Fro. Den ADR-Deputéierte féiert déi gutt rezent Sondagë fir d’ADR op déi eege Parteiaarbecht zréck. Awer och dorobber, datt vergaangen intern Meenungsverschiddenheeten iwwert d’Ausriichtung vun der Partei gekläert wären. Mat der ADR an enger CSV Koalitioun géing dat geplangtent Nationalitéitegesetz réckgängeg gemaach ginn, esou nach de Gast Gybérien. Trennung vu Kierch a Staat wëllt d’ADR net integral réckgängeg maachen. Den ADR-Deputéierten huet déi generell Ausriichtung vun der Flüchtlingspolitik vun der Regierung gelueft.