Blue Note
Den Jazz viru 50 Joer
60 min
1966 ass net onbedéngt e Joer gewiescht, dat an d’Jazzgeschicht agoung wéinst aussergewéinleche musikalesche Revolutiounen oder nohalteg remarquabelen Opnamen. Et war awer e Joer, wou stilistesch alles méiglech war: de Freejazz war etabléiert, et gouf awer och nach traditionell gespillt, Hardbop a Funky, an de Fusionjazz huet sech sou lues annoncéiert. E variéierte Réckbléck vum Jitz Jeitz op d’Joer 1966 mat Musek ë.a. vum Don Cherry, Horace Silver, Wayne Shorter, Charles Lloyd an Chick Corea.