Kultur
De Projet Art Work Circle
Zënter kuerzem gëtt et zu Lëtzebuerg d' Online Plattform Art Work Circle. Um Site kënnen d'Kënschtler hier Wierker ausstellen an de Publique ka sech e Bild vun hirer Kreativitéit maachen an d'Wierker och via de Site kafen. Art Work Circle versteet als eng Plattform, déi Artisten aus Lëtzebuerg méi Visibilitéit soll ginn a beim Verkaf vu n hirer Wierker hëlleft. Duerch de Site sollen d'Kënschtler an de Konschtmarché zu Lëtzebuerg méi enk matenee verbonne ginn an de Kontakt tëscht deenen zwee Beräicher vereinfacht ginn. Den Online Projet gouf vum Curateur Didier Damiani an d’Liewe geruff an ass deen éischte senger Art zu Lëtzebuerg. France Ewen