Kultur
Poesie a Promill: Brauch Literatur wierklech Alkohol?
“Schreif wann s de gedronk hues. Iwwerschaff et da wann s de niichter bass” dat soll den Auteur vu “The Old Man and the Sea” a Literaturnobelpräislaureat vu 1954 Ernest Hemingway gesot hunn. D’Fro läit deemno op der Hand: Brauch gutt Literatur wierklech Alkohol? Den däitsche Literaturarchiv ass op d’Sich gaangen. Et ass e Fakt datt vill Schrëftsteller sech zu engem gudde Patt, besonnesch Wäi higezu fillen, virun allem am 19 Joerhonnert ma awer och nach hautdesdaags.An der Ierfschaft vu bal all Auteur fënnt eppes zu Thema Alkohol an drénken, seet d’Heike Gfrereis vum däitsche Literaturarchiv an der Schillerstad Marbach bei Stuttgart.