arrow_back_ios
Kultur
Den zweeten Deel vum Interview mam Drummer vu Mumford & Sons
Matt Corby, Example an elo Mumford and Sons. ..De Lëtzebuerger Chris Maas huet zu London Perkussioun studéiert an no vill haardem Schaffe spillt hien elo fir weltbekannte Bands. Vu Schlofen an Auto’en, a net gutt bezuelt ginn, bis hin zu Touren duerch d’ganz Welt a Glastonbury. D’France Ewen huet sech mam Chris Maas ënnerhalen a wollt wësse wéi een sech eng Tour an d’Liewe wat dozou gehéiert, muss virstellen.