arrow_back_ios
Kultur
Kunst trotz(t) Handicap: Expo zu Tréier
"Kunst trotz(t) Handicap" heescht eng Wanderausstellung, déi op hirer Rees duerch ganz Däitschland tëschent dem 9. an dem 31. Januar Statioun an der Tréirer Tufa mécht. De Kulturzentrum huet vill Erfahrung mat Inklusiounsprojeten, virun allem an de Beräicher Theater an Danz. Et ass elo fir t'éischte Kéier, datt si den Thema och an der Bildender Konscht uginn, seet d'Teneka Beckers, Geschäftsführerin vun der Tufa.