Kultur
En Interview mam Chris Maas, dem aktuellen Drummer vu Mumford & Sons
Matt Corby, Example an elo Mumford and Sons. ..De Lëtzebuerger Chris Maas huet zu London Perkussioun studéiert an no vill haardem Schaffe spillt hien elo fir weltbekannte Bands. Vu Schlofen an Auto’en, a net gutt bezuelt ginn, bis hin zu Touren duerch d’ganz Welt a Glastonbury. D’Carrière vum Lëtzebuerger ass ouni Zweiwel villverspriechend. D’France Ewen huet sech mam Chris Maas ënnerhalen a wollt fir d’éischt wësse wou seng Begeeschterung fir Drums an d’Perkussioun hier kënnt.