Kultur
"The Big Short": Finanzkris, entertaining a verständlech
No sengen erfollegräiche Komedien wéi "Anchorman" 1 an 2 huet den amerikanesche Cineast Adam McKay ee méi serieuxe Film erausbruecht. "The Big Short" baséiert um Michael Lewis sengem Bestseller aus dem Joer 2010, mam selwechten Titel, deen dovunner verzielt, wéi e puer Finanzjongleuren kuerz virum Ausbroch vun der globaler Finanzkris, déi 2007 lassgoung, spatz kruten, wat fir eng Katastroph do amgaang wor sech zesummen ze brauen, a wéi een dovu profitéiere kéint (andeems ee géint de System selwer wett). Wéi dat Ganzt ausgoung, ass gewosst. De Film huet dee groussen Atout, komplex Finanzproduiten esou ze erklären datt een et versteet ("that's dog crap wrapped in cat crap"), an ëmmer nees Tricken ze fanne fir de Publikum bei der Staang ze halen. Et ass och net all Dag, datt de Christian Bale, Ryan Gosling, Steve Carrell a Brad Pitt (ënner anerem) engem esou een a priori drëschene Sujet schmackhaft maachen. Am Utopolis.