arrow_back_ios
Kultur
Kuerzstécker vum Tennesse Williams op der Bühn vum TNL
Den amerikaneschen Dramatiker Tennesse Williams hat Angscht virun de Kritiker, datt en souguer no enger Opféierung New York verlooss huet, éier iwwerhaapt Zeitungskritiken erauskomm sinn. Mat der Angscht ginn och d’Figuren a senge Kuerzstécker konfrontéiert, déi am "Mister Paradise and other rare electrical things between people" ënner der Regie vum Anne Simon, ze gesinn sinn. Karolina Chylinska