Kultur
Europalia Arts Festival: Fokus op d'Tirkei
Am Jumm vun der Exposition Universelle vun 1958 zu Bréissel war och e "Festival artistique mondial" organiséiert ginn. Dee fonnt vun 1969 un seng Suite am "Europalia". Zënterhier geet et all 2 Joer drëm, ee Land méi spezifesch z'exploréieren. De Festival ass multidisziplinär, a spillt sech an der ganzer Belsch of. Zu Bréissel sinn den Ament nach eng Rei spannend Expositiounen ze gesinn, déi verschidde Facette vun der Tirkei, déi dës Kéier beim "Europalia" zu Éiere kënnt, weisen.