Blue Note
Opnam-Session
Den Toun mécht d'Musek! A well dat esou ass, kann ee behaapten, dass e Studio an deem Musek opgeholl gëtt, eng kruzial Roll spillt am Gesamtkonzept vun enger Opnam a soumat ausserdeem eng grouss Auswierkung op d'Endresultat huet.
An dëser Emissioun Blue Note presentéieren de Pit Dahm an de Pol Belardi eng Selektioun vun Tracks, opgeholl an illustere Studioen, a si diskutéieren iwwer de Prozess vun enger Opnahm-Session, den Eegenheeten, Schwieregkeeten an Avantagen vun der improviséierter Musek a sou enger Situatioun sou wéi iwwer allgemeng Erfahrungen an Anekdoten aus dësem wichtege Beräich.