arrow_back_ios
Kultur
Nei Retrospektiv an der Cinémathéik: Paräis am Film
Déi franséisch Haaptstad huet vill Facetten, dat dréckt sech och an de Filmer aus, an deene si mol den Hannergrond bild, mol eng Haaptroll huet. Vum fantasméierte Paräis, vun deem Hollywood gedreemt huet (voller schéiner Klischeeën), iwwert déi méi oder wéineger authentesch Duerstellung vun de populäre Quartiere, bis bei de "réalisme poétique" vum Carné/Prévert... ass villes dran.