Kultur
"Call me Madam", e Musical am Mierscher Kulturhaus
D'Geschicht vu "Call me Madame" baséiert op der Carrière vun der Perle Mesta: si, eng räich Washingtoner Dame koum no der Victoire vum demokratesche Presidentschaftskandidat Harry Trumann tëschent 1949 an 1953 als Ambassadrice op Lëtzebuerg. Si hat net vill Ahnung an Aussepolitik, huet awer mat hirer onkonventioneller Perséinlechkeet impressionéiert. Gëschter, haut a muer stoung a steet d'Musical op der Affiche vum Mierscher Kulturhaus - an enger Inszenéierung vum Claude Mangen an der däitscher Actrice Edda Petri an der Haaptroll. D'Sophie Morang war op der Première.