Invité:e vum Dag
Ulrich Brand
Den däitsche Politikwëssenschaftler a Professer op der Universitéit Wien Ulrich Brand huet nëmme wéineg Hoffnung, datt d'Delegéiert op der UN-Klimakonferenz zu Paräis den Eescht vun der Klimaproblematik bis den 11. Dezember uginn. Fir de Moment géif et net duerno ausgesinn. D'Klimapolitik géif un Emissiounszuelen an um Zwee-Grad-Zil festhänken. Et géif ze wéineg op déi wierklech Grënn vum Klimawandel gekuckt ginn: d’Produktiounsmethoden an eise Liewensstil.