Blue Note
Spacey Music
Spacey Music ass e Begrëff, deen een éischter mat der moderner Klassik oder dem Rock associéiert wei mat Jazz. Am Jazz ginn et sécherlech net souvill Vertrieder vun dësem Stil, wéi an anere Museksrichtungen. Mat verschiddene Beispiller beweist de Marco Reusch, datt et Jazzmuseker gëtt, an net där mannster, déi sech mat dëse Kläng ausernee gesat hunn a souguer dermat identifizéieren. Hie versicht, net a Lounge Gedudels ze verfalen, mä mat ënnert anerem Leit wéi Sun Ra, Miles Davis, Klaus Doldinger oder Charles Lloyd si Museker eraus gesicht ginn, déi, obscho se sech zum Deel der Spacey Music verschriwwen hunn, dach mat zwee Féiss um Buedem bliwwe sinn.