Invité:e vum Dag
René Winkin
Fir de René Winkin, frësch ernannten Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL, sinn déi nei Besëtzverhältnisser bei der Enovos eng Chance fir d'Wirtschaft zu Lëtzebuerg. De Lëtzebuerger Staat huet de Gros vun de Bedeelegunge vun RWE an Eon beim Energiekonzern iwwerholl an domat eng absolut Majoritéit am Actionnariat. D'Präsenz vun den zwou däitsche Gesellschaften hätt der Enovos gehollef dat ze ginn, wat se haut ass, sou de René Winkin am Gespréich mam Mick Entringer.