Kultur
Götter a Pharaoen (Deel 2)
Nach bis den 10. Januar kënnt dir am Nationalmusée um Fëschmaart d’Ausstellung `Mumien, den Draam vun der Éiwegkeet`gesinn. Eng vun de wëssenschaftleche Collaboratrice vun der Expo war d’Heidi Köpp-Junk, Egyptologin op der Uni Tréier; hiert Spezialgebitt: ´Götter a Pharaoen‘. Am 1. Deel vun eiser 'Götter-a-Pharaoen'-Série hat d’Egyptologin erkläert, dat d’Pharaoen d’Vertrieder vun de Götter op der Äerd sinn.
Trace vun den éischten egyptesche Kinneke ginn et schonn an der fréidynastescher egyptescher Périod, also zanter circa 3‘000 Joer viru Christus. Laang virum Opkomme vun hiren Inthronisatioune sinn am alen Egypte Götter entdeckt ginn; bis 2700 gouf et der schonn iwwer 30. Déi wollte klasséiert, wouer geholl, ugebied ginn. Dofir hunn d'Egypter Tempel gebaut, Déieren geaffert, d'Gottheeten a Famillen opgedeelt. Méi Explikatiounen dozou vum Kerstin Thalau an der Heidi Köpp-Junk.